Matchball offréiert vum Léon Pundel (*1921)

Ulässlech vum 1. Heemmatch geint Beggen vum Championnat 2017/18, huet den Léon Pundel (*1921) der 1. Equipe vum FC Koeppchen den Matchball offréiert.

De Léon Pundel ass iisen eelsten aktiven Member an verpasst ganz seelen een Match vum FC Koeppchen. Hen ass den 9. Dezember 1921 zu Wormer gebuer. Vun Enn 1944 bis Ufank 1947 huet hen bai der Fola Esch gespillt, duerno ass hen op Wormer zereckkomm an huet bis zu säim 43. Liewensjoar aktiv gespillt  an der 1. Equipe an duerno 2. Equipe an Vétéranen.

Dem Lé villmols Merci fir deen sympathesche Geste, a bis geschwenn erem um Terrain!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *