Riesling Open 2018

De Weekend steet ganz am Zeechen vum Riesling Open an der Wormer Gemeen. Kommt op d’Musel a verbrengt e puer flott Stonnen bäi de Wënzer an hire Kelleren.

Besicht och den FC Koeppchen an d’UDP Wormer an Zesummenaarbecht matt Pundel Vins Purs op hirem Stand op 149 rue Principale zu Wormer.

Niewend eem gudde Patt Wäin oder eener Coupe Crémant um Stand vum FC Koeppchen, bidd d’UDP verschidde Spezialitéiten vum Grill un. Musekalesch Animatioun matt der Silver Band an een Konschtausstellung vum Jeanny Pundel kompletéieren de Programm.

Mir frëen iis op Äere Besuch an der Rieslingsgemeen!

Mei Infoen fannt dir ennert http://www.rieslingopen.com

 

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *