mam Bus op d’Finale vun der Coupe des Dames

Et sin nach 9 Deeg… an wei schon annoncéiert, gëtt een Bus organséiert fir op d’Finale (01/06/2019 um 17h00 zu Hesper).

De Bus ass organiséiert fir all d’Supporter vun iisen Dammen, deen iis alleguer vun Maacher, Wormer an Mënsbech aus op Hesper bréngt. Den Horaire vum Bus ass folgendermoossen:

15:15 Auer: Stade „Op Flohr“ Grevenmacher
15:35 Auer: Terrain „Am Ga“ Wormeldange
15:55 Auer: Terrain Munsbach
-> vun Mënsbech aus dann direkt op Hesper

Den Bus mëcht nom Match den nämlechte Wee zeréck, soudass en als éischt zu Mënsbech, duerno zu Wormer an schlussendlech zu Maacher stoen bléift, wou och d’Feier stattfanne wäert. Op dës Fiesta sinn all Supporter natierlech och häerzlech invitéiert.
Aus organisatoresche Grënn, wier et gutt, wann dir Iech op diser Emailaddress (dames@fckoeppchen.lu) umellt, wann dir mam Bus matfuere wëllt.

Fir déi éischte Kéier an der Geschicht vun der Dammenéquipe vun der Entente Wormer/Mënsbech/Gréiwemaacher sinn mir an der Coupefinall! Haart gouf un deem Dram vun eis geschafft, elo kënne mir den Wonsch no der Coupe erfëllen. Dofir brauche mir awer elo är Ënnerstëtzung! Kommt eis all op Hesper ënnerstëtzen an ditt iech am beschte Schwaarz un, fir eis Faarf ze droen an äre Support ze weisen! Mir zielen op Eech!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *