De Ball rullt erem…

De Ball rullt erem bäim FC Koeppchen, an daat de Sonndeg um 16.00 bäim Optaktspill um Terrain “Am Ga” teschend de Seniors 1 géint d’Luna Uewerkuer.

Mir frëen iis drop Eech endlech erem um Terrain begréissen ze kennen. Wéi dir wesst, hun niewt dem Terrain d’Fussballveräiner, souwei mir alleguer, dee selwechte Géigner: de Covid-19 an aus dem Grond haalt Eech un d’Instruktiounen, déi affichéiert sin an schützt Iech an Är Matmënschen, nëmmen esou kenne mir zesummen e Wee aus der Kris zeréck an d’Normalitéit fannen.

Mir wëllen speziell zum Start vun der Saison 2020/21 all deene MERCI soën, déi sech fir d’Wuel vun iis alleguer am Alldag asetzen a wënschen Eech an Äre Familje vill Kraaft an virun allem een gudd Gesondheet an diser dach schwiereger Zäit. Iis Gedanken sin och bäi iise vulnérablen a kranke Matmenschen.

STAY SAFE an ALLEZ WORMER !

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *