Expo “FC Koeppchen, a century of football”

Am Kader vum Centenaire vum FC Koeppchen Wormeldange (gegrënnt 1919) geet de Samschdeg, de 6. Mäerz 2021 vu 15 – 18 Auer am Centre culturel zu Wormer een Ausstellung iwwert 100 Joer FC Koeppchen op.

De Visiteur entdeckt op sengem Rondgang déi verschidde Facettë vum Veräinsliewen, vu fréier a vun haut, dokumentéiert mat eener Auswiel u Fotoen, originalen Ënnerlagen, Sportséquipementer an aner Kuriositéiten.

D’Ausstellung fënnt am strikte Respekt vun de sanitäre Mesuren an de Geste barrières statt.

Ëffnungszäite: 06/03, 07/03, 09/03, 11/03, 13/03 & 14/03/2021 jeweils vu 15-18 Auer

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *