Léon Pundel (1921-2021)

Gëschter Owend huet déi traureg Noriicht iis erreecht em den Doud vun iisem laangjärege Member an treie Supporter dem Léon Pundel (1921 – 2021).

De Lé woar mat 99 Joar iisen eelsten aktive Member an huet ganz seelen een Match vum FC Koeppchen verpasst. Hen ass den 9. Dezember 1921 zu Wormer gebuer. Vun Enn 1944 bis Ufank 1947 huet hen bäi der Fola Esch gespillt, duerno ass hen erëm op Wormer zeréckkomm an huet bis zu säim 43. Liewensjoar aktiv gespillt  an der 1. Equipe an duerno 2. Equipe an Veteranen.

Säin Verbonnenheet mam FC Koeppchen, souwéi säin jovial a frëndlech Manéier sollen iis alleguer een Inspiratioun sinn, d’Faarwe vum FC Koeppchen héich ze halen an iis onermiddlech fir de Veräin als Benevoller anzesetzen.

Säiner Famill drécke mir iis opriichteg Bäileed aus a behalen déi vill schéi Momenter déi mir mam Lé haten a beschter Erënnerung.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *