d’Jugendéquipen fir d’Saison 2018/2019

Den FC Koeppchen annoncéiert heimatt d’Organisatioun vum Jugendberäich fir d’Saison 2018/2019.

An deenen enneschten Alterskategorien U7 Bambinis, U9 Pupilles an U11 Poussins ass et dem FC Koeppchen wichteg een veräinsspezifesch Offer de Spillerinnen a Spiller unzebidden. Déi kuerz Wëer, d’Proximitéit zur Maison Relais, d’Trainéieren an d’Spillen op engem eenzege Site an d’Identifikatioun mam Veräin sin wichteg Prioritéiten. D’Organisatioun ass integral oofgeschloss an de Start fir d’U11 Poussins ass den 22/08/2018, an d’U9 Pupilles an d’U7 Bambinis fänken Ufanks September 2018 un.

An de Kategorien U13 Minimes, U15 Scolaires an U17 Cadets wéckelen d’Veräiner vu Kanech , Menster a Wormer d’Organisatioun wéi an der Vergaangenheet iwwert den Zesummeschloss vun der “Entente Osten” oof. D’Organisatioun vun den Traininger an organisatoresch Détailer gin an deene nächste Wochen finaliséiert.

Fir den Damenberäich spillen d’U15 Jeunes filles wéi an der Vergaangenheet an der Entente Wormer / Mënsbech / Gréiwemaacher.

D’Formatioun vun de Jugendspiller léit iis um Häerz, aus dem Grond ass op der Basis vun der “Entente Osten” een sportlechen Koordinator rekrutéiert gin, deen souwuel d’Entwéckelung vun de Spiller an hiere Veräiner, wéi och d’Trainer an hiren Aufgaben begleede an ennerstetze soll.

Op iisem Internetsite fannd fir all Informatiounen (op lëtzebuergesch, däitsch, franséisch an englesch) zur Organisatioun (de Site get reegelméisseg à jour gesaat) an d’Affiliatioun vun de Jugendspiller. Een Print-Dépliant matt allen Informatiounen zum Veräin an den Equipen get an de Gemeene Fluessweiler a Wormer, an an der noer Grenzregioun déi nächst Woch verdeelt.

E Wuert zum Iwwergang vum Jugend an de Seniorsberäich.. d’Seniors Réserves bestinn aus eener Entente um Niveau vun der Wormer Gemeen. Den FC Vinesca Einen an den FC Koeppchen Wormer sin décidéiert verstärkt hieren U23 – Jugendspiller, déi de Wee an de Seniorskader ageschloen hun, d’Méiglechkeet ze bidden Erfahrung a Spillpraxis am Seniorsberäich ze sammelen. D’Equipe Seniors 1 vum FC Koeppchen Wormeldange spillt fir d’Saison 2018/2019 an der Eierepromotioun. De Kader besteet aus 26 Spiller dorënner 9 Spiller aus eegenem Nowues, déi d’Chance kreien fir Bestanddeel vun der 1. Equip ze sinn.

Fir weider Informatiounen stin mir Eech gäer zur Verfügung. Scheckt een Email matt äre Froën un info@fckoeppchen.lu

Mir frëen iis op eng weider gudd Zesummenarbecht, allez Wormer!

Wormer en Promotion d’Honneur

Quelle soirée, quelles émotions et quel bonheur d’avoir remporté le match de barrage à Lintgen face à l’équipe FF Norden 02 !

Le résultat 4:1 pour Wormeldange devant 1.089 spectateurs… le couronnement d’une saison 2017/2018, avec des hauts et des bas, marquée par une solidarité inébranlable de tous les acteurs du FC Koeppchen Wormeldange.

Un grand MERCI à toutes celles et tous ceux qui ont contribué d’une façon ou d’une autre à la réalisation de notre grand rêve de regagner la Promotion d’Honneur.

ALLEZ WORMER !

(Fotos: Paul Krier, fupa.net & Christian Kemp, LW 24/05/2018)

Communiqué – Transferts 2018/2019 (suite)

Communiqué de presse

Le Conseil d’administration du FC Koeppchen Wormeldange poursuit ses opérations sur le marché des transferts pour la saison 2018/2019, par trois recrutements, à savoir :

BARBOSA DE ARAUJO Michael Thiago (P), né en 1984, US Sandweiler, engagement sur 1 saison

LANNERS Pol (L), né en 1996, US Hostert (t. temp Junglinster 17/18),  engagement sur 3 saisons

MARQUES Patrick (L), né en 1989, US Sandweiler (t. temp FC Koeppchen 17/18), engagement sur 3 saisons

N.B. Dans un prochain communiqué, nous informons sur les prolongations des joueurs sous licence du club.

 

Communiqué

A l’issue d’une réunion ouverte et constructive en date du 15/05/2018, les responsables des clubs FC Jeunesse Canach, FC Syra Mensdorf et FC Koeppchen Wormeldange ont souligné l’importance d’une collaboration rapprochée dans l’intérêt des jeunes, tout en préservant l’identité de chaque club, et ont convenu d’un commun accord:

  • d’élaborer une charte qui règlera les relations entre les trois clubs
  • de s’investir davantage dans la formation des jeunes joueurs et des entraîneurs en recherchant un coordinateur sportif commun pour les catégories jeunes
  • d’organiser, par un programme propre à chaque club, les catégories Bambinis, Pupilles et Poussins
  • de continuer à mettre en lice les catégories Minimes, Scolaires et Cadets dans le cadre de l’Entente Osten
  • de désigner deux représentants mandatés de chaque club pour gérer les affaires courantes de l’Entente Osten

Ensemble pour tous nos jeunes!

FC Jeunesse Canach

FC Syra Mensdorf

FC Koeppchen Wormeldange

Stellungnahm zum Dossier “Entente Osten”

Den FC Koeppchen huet d’Presidenten an d’Comité’en vun de Veräiner FC Jeunesse Canach an FC Syra Mensdorf an engem Schreiwen vum 4. Mee 2018 informéiert, dass den FC Koeppchen fir d’Saison 2018/2019 net un enger Zesummenaarbecht ënnert dem Numm « Entente Osten » participéiert.

Den FC Koeppchen hieft weider ganz kloer ervir, dass déi Zesummenaarbecht et méiglech gemaach huet, de Fussball um Niveau vun deenen 3 Veräiner weiderzeentwéckelen an dass eng Réi encourageant sportlech Resultater erreecht gi sinn. Leider stelle mir och fest, dass d’Spiller, souwéi d’Gestionnaire vun der Entente Osten sech net genuch mat hire jeeweilege Veräiner identifizéieren.

Duerch déi Feststellung an duerch verschidden Evenementer an der Vergaangenheet, déi iiser Meenung no am Widdersproch zur Philosophie vun engem enken Zesummeschaffe stinn, setzt den FC Koeppchen fir dei nau Saison een eegent Sportkonzept fir Jugend op Been.

FALSCH ass unzehuelen, dass diss Sportkonzept un der Basis eng Zesummenaarbecht mat iise Nopeschveräiner ausschléisst.

FALSCH ass folglech och déi Ausso, déi am Raum steet an iwwert verschidde Reseau’en propagéiert gëtt, dass den FC Koeppchen net interesséiert un enger Zesummenaarbecht fir déi kommend Saisonen mat de Veräiner Kanech an Menster ass.

RICHTEG ass, dass den FC Koeppchen, sou wéi en et däitlech a sengem Schreiwen formuléiert huet, op ass fir eng punktuell Zesummenaarbecht a verschiddene Jugendkategorien. Dass iis d’Entwécklung vun de Jugendspiller bis an de Seniorssalter wichteg ass, beweist ënnert anerem d’Zesummesetzung vun iisem Kader bäi de Senioren.

RICHTEG ass och, dass mir iis mat diser Demarche erhoffen endlech Gehéier ze fannen um Niveau vun de Comité’en. Mir stinn ganz däitlech an fir een Opfrëschen vu festgefuerene Schémen, d’kloer Definitioun vun Entscheedungswëer, d’Vereinfachung vun der administrativer Gestioun, d’Erhalen vun den Identitéite vun de Veräiner, souwéi de géigesäitege Respekt, d’Vertrauen, de Fairplay an d’Frëndschaft um an niewent dem Terrain.

Mir ginn also gären ouni Virbehalt op d’Veräiner vu Kanech a Menster zou, an diskutéieren offen a fair iwwert eng weider Zesummenaarbecht, am Respekt vun den Doleancen a Sensibilitéiten vun all Veräin an dat am Interessi vun alle Spiller.

Matgedeelt vum FC Koeppchen Wormeldange

Communiqué – Transferts 2018/2019

Communiqué de presse

Le Conseil d’administration du FC Koeppchen Wormeldange a débuté ses opérations sur le marché des transferts pour la saison 2018/2019, par deux recrutements dans le secteur offensif, à savoir :

PINTAR Johnny (F), né en 1987, US Hostert (t. temp. Minerva Lintgen 17/18), engagement sur 3 saisons

MANAIA MORAIS Paulo (L), né en 1993, US Sandweiler, engagement sur 3 saisons

 

Communiqué – Prolongation entraîneur Seniors 1

Lors de sa séance du 16 mars 2018, le Conseil d’administration du FC Koeppchen Wormeldange et son entraîneur Monsieur Adis OMEROVIC ont convenu d’un commun accord de continuer leur collaboration pour la saison 2018/2019.

Wormeldange, le 20/03/2018

pour le FC Koeppchen Wormeldange

le président,

(Claude PUNDEL)

 

Chrëschtmoart zu Wormer

Ennerstëtzt matt Äerer Präsenz, de Kulturveräin an déi engagéiert Veräiner um Chrëschtmoart zu Wormer!

Freides, den 01/12 vun 17h00 – 0h00

Samschdes, den 02/12 vun 17h00 – 0h00

a Sonndes nom Championnatsmatch Wormer – AS Lëtzebuerg (um 16h00) bis 0h00.