|
Jugendarbecht am FC Koeppchen Eng gutt organiséiert Jugendaarbecht ass ee wichtege Pilier fir déi sportlech Zukunft vum FC Koeppchen. An deem Sënn huet d’Jugendkommissioun sech virgeholl, duerch ee gutt organiséierten a flotten Encadrement vun de Jugendéquipen, déi jonk Leit fir de Football ze begeeschteren. Mir schéngen um gudde Wee ze sinn, well d’Zuel vun den aktive Jugendspiller ass an de läschte 5 Joer vun 58 op 110 geklomm. Mee och dat geet nach net grad duer fir an all Kategorien eng eegestänneg Équipe op d’Been ze kréien. Wa Bambinis/Pupilles a Poussins reng FCKW-Équipe sinn, da gräife mir bei de Minimes, de Scolaires an de Cadets op eng Entente mat Kanech zréck. Dräi Kanecher Spiller kënne bei eisen 21 Minimes zu Wormer matspillen, bei de Scolaires sinn et 8 Kanecher an 18 Koeppchespiller déi zu Wormer trainéiert ginn. Eis 12 Cadets ginn zesumme mat 8 Kanecher zu Kanech trainéiert, domat gi mir och dem Plaatzproblem aus de Féiss, well fir 8 Équipë fänkt et un enk am Ga ze ginn. D’Spiller déi aus de Cadets rauskommen hunn, jee no Zäit , Loscht an Talent, vun dësem Joer u rëm dräi Méiglechkeeten: 2. Équipe zu Wuermer, U19 an der Entente mat Maacher a fir déi ganz grouss Talenter eis 1. Équipe. Och an Zukunft wäert d’Zesummenaarbecht mat den Nopeschveräiner wichteg bleiwen, fir eng optimal Formatioun vun eiser Jugend kënnen ze garantéieren, déi néideg ass fir rëm méi Jonge vu Wuermer an Ëmgéigend an eis 1. Équipe ze kréien. Mir si frou, datt mir och Meedercher an eise Jugendéquipen hunn, si kënne bis 14 Joer bei de Jonge spillen an duerno d’Zukunft vun eiser Dammenéquip assuréieren. Vum finanzielle Standpunkt aus gekuckt brénge méi Équipen natierlech och méi Käschte mat sech. Den HAUSER YOUTH CUP dee mëttlerweil zu engem feste Bestanddeel vun eisem Programm ginn ass, ass net nëmmen eng formidabel Reklamm fir de Jugendfussball iwwert d’Grenzen eraus, mee och eng vun de wichtegste Finanzsprëtze fir eis Jugendaarbecht. Dofir nach eng Kéier all de Sponsoren an deenen déi all Joer hei hëllefe villmools merci. Merci awer och den Elteren déi dat ganzt Joer iwwer beim Transport an Encadrement vun eise Spiller eng Hand mat upaken. Wa vill Leit sech d’Aarbecht deelen ass et fir jidderee besser ze packen an dofir hoffen ech datt déi gutt Ambiance déi am Moment an eisem Comité, sou gutt wéi ënnert den Elteren ass, nach laang erhale bleift, sou datt weiderhi vill Leit Spaass hu fir matzeschaffen. D’Traineren am Jugendberäich sinn : fir d’Bambinis / Pupilles de Marc Reuland, fir d’Minimes de Jeff Koob, fir Scolaires de Frank Bento a fir d’Cadets de Pierre Delaporte. Hinnen ee grousse Merci, si sinn et déi et fäerdeg bréngen, 110 Kanner a Jugendlicher zwee bis dräimol an der Woch fir ee flotten Equipesport an der frëscher Loft ze begeeschteren, an dat ganz am Sënn vun der sozialer Integratioun an der Förderung vum Teamgeescht, der Fairness an der Frëndschaft. Fir wieder Informatiounen oder fir sech unzemellen, rufft einfach engem vun eis un: Godart Norb (76 81 98); Speller Sylvie (76 00 17) oder Schartz Guy (76 04 74).
|
|||
| Site officiel du FC Koeppchen de Wormeldange - http://www.fckoeppchen.lu - info@fckoeppchen.lu | ||||