Réckbléck op 2022


19 December 2022

E chargéiert an erfollegräicht Joer geet fir den FC Koeppchen op en Enn.

 

Esouwuel um sportlechen, wéi och um aussersportleche Programm kann een gär behaapten, datt et e Joer war, wou vill geschafft ginn ass,; op um oder och ronderëm den Terrain.

 

Ufank Mäerz ass mat den Aarbechten un den Infrastrukturen vun iisem Stade "am Ga" ugefaange ginn. Mëttlerweil ass de Gros Oeuvre vun der Erweiderung vum Gebai fäerdeg, d'Fënsteren sinn dran an och den Daach ass drop, esou datt am neie Joer ka mat den Aarbechten bannen am Gebai weidergemaach ginn.

 

Vue datt dat komplett Gebai renovéiert gëtt, si mir säit Juli an iisem Containerduerf a versichen och do all iise Memberen a Visiteuren et esou angeneem wéi méiglech ze gestalten, och wa mir net de selwechten Confort hu wéi virdrun.

 

Mir wëssen allerdéngs firwat dëst gutt ass! 

 

Wann iis Infrastrukturen bis fäerdeg sinn wäerte mir iech alleguer an enger grousser neier Buvette empfänken kënnen an och iis Spillerinnen a Spiller, esou d'Visiteuren wäerte kënne vun neie Vestiaire profitéieren.

 

Op disem Wee soe mir nach eng Kéier iiser Gemeen MERCI, datt si iis dëst alles erméiglechen.

 

Bei iiser Jugend konnte mir am Joer 2022 méi wei 30 nei Spillerinnen a Spiller begréissen, a fir de Fussball begeeschteren. Déi ganz Jugendaarbecht léit iis als FC Koeppchen ganz besonnesch um Häerz a mir wäerten och an Zukunft versichen fir iis Bescht ze maache fir all iise Jugendspillerinnen a Spiller déi beschtméiglech Trainings- a Spillkonditiounen ze schafen.

 

Mir sinn houfreg, datt mir esouvill Trainerinnen an Trainer hunn, déi d’Kanner encadréieren. Hinne gëllt e ganz besonnesche MERCI.

 

Bei iisen Dammen hu mir d’Saison 21/22 op enger super 4ter Plaz ofgeschloss, wat bis dato déi bescht Plazéierung bedeit säit et iis Entente WMG existéiert.

Dës Saison leeft et leider momentan nach net esou richteg. Mir gleewen awer un d’Qualitéit an der Ekipp a sinn iwwerzeegt, datt iis Dammen am naue Joer eng gutt Leeschtung um Terrain weisen an datt mir zum Schluss vun der Saison iis Zil vum Klassenerhalt wäerten erreechen.

Iis zweet Dammenekipp, huet et um Enn vun der Saison 21/22 bis an de Barragematch gepackt fir vun der 3ter an déi 2t Klass opzesteigen. Dëst direkt am éischte Joer vum Bestoen vun dëser Ekipp a mat engem Altersduerchschnëtt vun ënnert 18 Joer!

Dës Saison hu mir nach ëmmer een Ekipp mat engem Altersduerchschnëtt vun ënnert 18 Joer an et ass ze gesinn, datt iis Meedercher sech weiderentwéckelen an ëmmer besser Leeschtungen um Terrain weisen.

 

Bei der zweeter Ekipp vun iisen Häre spille mir säit diser Saison an der 3ter Klass. Nodeems d’Ekipp sech am Ufank vun der Saison huet misse fannen, ass et déi lescht Matcher ëmmer besser gaangen, esou datt d’Ekipp op enger super 2ter Plaz iwwerwantert an dëst punktgläich mat dem Tabellenéischten.

 

Fir iis éischt Ekipp gouf et am Joer 2022 ee ganz besonnesch Highlight an dëst war d’Final vun der Coupe FLF zum Ofschloss vun der Saison 21/22. Och wann dës net konnt gewonne ginn, esou war dëst en historesch Ereegnis fir iise ganze Veräin.

An der neier Saison leeft et fir iis Jongen vun der éischter Ekipp ganz gutt. Och wann e puer Matcher net mat deem Resultat op en Enn gaangen sinn, wéi een et sech erhofft huet, esou steet een awer um Enn vun der Hironn op enger gudder 3ter Plaz.

 

Mir soen alleguer iisen Visiteuren,Supporter, Memberen, Trainerinnen an Trainer, Spillerinnen a Spiller MERCI fir dat flott Joer 2022 a freeën iis schonn iech am neie Joer erëmzegesinn.

 

E ganz besonnesche MERCI gëllt all iise Benevollen, sief dëst iis Leit aus dem Comité, d’Léit aus dem Centenaires-Comité oder all aneren, deen an iergendenger Form eng Hand mat ugepaak huet.

De BENEVOLAT kann een net grouss genuch schreiwen, ouni IECH géif e Veräin wéi iisen FC Koeppchen net funktionéieren.

 

DIR SIDD DE VERÄIN, DIR SIDD DEN FC KOEPPCHEN WORMER

 

#MIRVUNDERKOEPPCHEN