Stage Weekend fir iis Poussins

07 March 2023
Dësen Weekend haaten eis Poussins virum Start vun der Saison een Stage um Plang stoen.
Samsdeg gouf zesummen Kaffi gedronk an een gemeinsamen Training absolvéiert. Duerno hunn Kanner gemeinsam Spaghetti giess fir gestäerkt zesummen op Iechternach an Jugendherberg ze fueren.
An der Jugendherberg stoung zur Stärkung vum Equipegeescht eng 3-stënneg Klottersessioun um Plang.
Sonndes gouf sech mat engem Trëppeltour ronderem den Iechternacher Séi fir den Match géint hier Alterkollegen vum Victoria Rosport preparéiert. 

No deenen zwee flotten Matcher ass den Weekend am Restaurant "Le Menhir" zu Fluesweiler zesummen mat den Elteren auskléngen gelooss ginn.
E grousse Merci un de Coach Kevin Becker fir dei super Organisatioun vum Stage!