Mir sin am Barrage!


22 May 2023

Oh war e schéinen, wonnerbaren an emotionalen Dag!
Mat 3-0 gewannen mir de leschte Match vun der offizieller Saison, a vue dass Bieles gläichzäiteg mat 5-4 géint Käl/Téiteng verluer huet, spillen mir nexte Sonnden, den 28.05.2023 um 19.00 Auer Barrage fir den Opstiig an d’Eirepromotioun géint Luxembourg City.
Et bleiwen iise Jongen zwou Finalen ze spillen an do gëllt et de volle Fokus dropzesetzen.
Wou de Barrage gespillt gëtt ass nach net gewosst an esoubaal mir dës Info hun, gi mir se natirlech un ierch weider.
#mirvunderkoeppchen