Éischt Comitésversammlung no der AG

Iisen nei opgestallten Comité



20 July 2023

Nodeems an iiser Assemblée générale 3 nei Comitésmembere gewielt goufen, hu mir iis den Dag drop scho fir iis éischt Comitésversammlung getraff an där déi verschidde Chargen an Tâchen opgedeelt goufen a wou och iisen neien Organigramme finaliséiert gouf. 

Eise President bleift de Pit Sadler, Vize-Presidenten sinn den Horacio Martins an de Victor Marques, iise Sekretär bleift de Max Greiveldinger an den Tresorier de Jean Sadler.

Membere sinn de Michel Albert, de Fred Carvalho, de Marco Carvalho, de Sascha Gries, den Nuno Goncalves, de Frank Keyser, de Carlos Soares an natierlech iis dräi nei Memberen: d'Manuela Afonso, d'Sandy Raach an de Paulo Jorge Santos.

bild1.png