Start
12/09/2026 10:00
End
12/09/2026 18:00
Address
Terrain Koeppchen - 5482 Wormeldange, Luxembourg
Informatiounen
De 12. September 2026 steet beim F.C. Koeppchen ganz am Zeeche vun eiser Jugend mat eisem traditionellen „Koeppchen Youth Cup“ zu Wormer an eisem Stade “Am Ga”.
Et ass schonn déi 21. Kéier, datt dësen Tournoi an der Kategorie Pupilles/U9 zu Wormer um Terrain ausgedroe gëtt.
Mir freeën eis drop fir kënnen insgesamt 32 Ekippen ze empfänken. Och dës Joer sinn nees vill Natiounen um Youth Cup vertrueden, dorënne Frankräich, Däitschland, Belsch a Lëtzebuerg.
Wärend deem Fussballfest versiche mir de Spillerinnen a Spiller e flotten, léierräichen an onvergiesslechen Tournoi ze bereeden, bei deem de Fussball a virun allem de Spaass am Virdergrond stoe soll.
Kommt also bei eis op Wormer laanscht a verbréngt e flotten fussballereschen Dag.
#mirvunderkoeppchen