

Iis Wäerter
Den FC Koeppchen steet fir Traditioun, Respekt, Toleranz, Fair-Play an Vielfalt. Den FC Koeppchen versicht JIDDERENGEM d'Méiglechkeet ze bidden, säin Hobby, de Fussball können auszeüben. Als Comité ass et iis Aufgaab fir dës Wäerter vum Club den Memberen ze vermëttelen, andeems mir dës virliewen. Den FC Koeppchen versicht seng Spillerinnen a Spiller beschtméiglech fussballeresch auszebilden an ze förderen. Während der Ausbildung sollen d'Spillerinnen a Spiller och d'Wäerter vum Club vermëttelt an geléiert ginn. Iisen Haaptuleies léit an der Förderung an Ausbildung vun iisen Jugendspillerinnen a Spiller. Am Seniorsberäich versiche mir als Veräin mat iisen Jugendspillerinnen a Spiller, mat den finanziellen Mëttel wou mir zur Verfügung hunn a mat enger cleverer Transferpolitik déi beschtméiglech Resultater ze erzielen. iis Comité besteet aus enger jonker Grupp vun Kollegen, déi versichen de Club no fir ze bréngen. Fir dës ze garantéieren, verbrénge mir vill Zäit vun iiser Fräizäit am Veräin an schéien net zeréck fir néi Aufgaben unzegoen.































