Generalversammlung 2021


23 July 2021

🖤ðŸ¤Â Op iiser goud besichter Generalversammlung geschter Owend am Centre Culturel zu Wormer hun mir de Bilan vun de leschten zwou Saisonen présentéiert.
Zesummen mam Président Claude Pundel hun weider 7 Memberen aus dem Comité 20/21 hier Démissioun agereecht.
Mir soen dem Claude op diser Plaz nach eng Keier villmols MERCI fir dei Aarbecht wou hien déi lescht 20 Joer am Comité an speziell déi lescht 13 Joer als Président geleescht huet.
Als Oofschloss vun der Generalversammlung ass den Claude och vun de Memberen als Éireprésident ernannt gin, wat e sech durch seng vill Aarbecht och verdéngt huet.
Och all deenen aaneren Memberen wou aus dem Comité getrueden sin, dem laangjähregen Sekretaire Gilles Beffort, dem Vizeprésident Roger Gries, dem Maryse Waldbillig (dat iwwer 30 Joer am Comité war), dem Gaston Thill, dem Luc Beffort, dem Nico Bevilacqua an dem Marco Polidori, wëlle mir op diser Plaz nach eng Keier villmols MERCI soen fir déi super Aarbecht wou all Eenzelnen déi lescht Joeren geleescht huet.
Mir begréissen dann och 7 néi Memberen bei iis am Comité fir d’Saison 21/22.
De Michel Albert, Fred Carvalho, Marco Carvalho, Stephan Lemaire, Tim Prins Van Wijngaarden, Nathalie Ribeiro an de Jean Sadler hun hier Kandidatur gestallt fir an de Comité.
Fir déi kommend Saison sin och d’Chargen am Comité néi opgedeelt gin.
De Posten vum Sekretaire iwwerhuelen den Max Greiveldinger an den Jean Sadler.
Als Trésorier bleiwt iis den Luc Mischo erhaslen.
D’Posten vun den zwee Vize-Présidenten iwwerhuelen den Horacio Martins an den Victor Marques an néie Président vum FC Koeppchen ass de Pit Sadler.
Der néier Équipe vum Comité vun iisem Veräin wënschen mir vill Erfolleg fir déi kommend Joeren.