Gewënner vum Kouhflappbingo & Match Hären 1

Foto vun Noëllia Photography



27 September 2021

Nom "RIESLING OPEN" Weekend kënnt den "KOUHFLAPPBINGO" Sonnden
 
Nodeems mir Gëschter iis Sponsoren um Terrain konnten begréissen, huet iis éischt Equipe ganz besonnesch den Haaptsponsoren an dem Mathis Toussaint (deen iis schéin Koeppchen gezeechent huet) MERCI gesot fir hir Ënnerstëtzung.
 
Duerno war natierlech Fussball um Programm an dat mam Match tëschent de Jongen vun iiser 1. Equipe an dem Géigner vun Izeg. 
An der Tabell haten déi Izeger 2 Punkten Avance an deemno waren 3 Punkten Flicht. 
 
Et huet och nëmmen knapps 2 Minutten gedauert, du huet den Lucas Raposo, no engem Corner vum Ricardo Coimbra, mam Kapp fir den 1-0 gesuergt. 
 
An der 34. Spillminutt war et quasi en "Copy Paste" vum 1-0, nëmmen dass dës Kéier den Marcos Vinicius Martins Titon no engem Corner vum Ricardo Coimbra mam Kapp markéiert huet.
 
Esou stoung et 2-0 an der Paus fir iisen FC Koeppchen an mat deem selwechten Resultat ass de Match och op en Enn gaangen. 
 
Soumat hunn iis Jongen de Géigner vun Izeg an der Tabell iwwerholl an stinn elo op enger gudder 3. Tabelleplaz.
 
 
Nom Match war du de "KOUHFLAPPBINGO" um Programm.
 
Nodeem d'Koeppchen-Kouh "Melli" och no 2 Stonnen keen grouss Geschäft op den Terrain gemaach hat, huet de Gewënner missen per Lous entscheet ginn. 
De gléckleche Gewënner vun 2134€ heescht dës Joer Bob K. an ass och direkt per Videocall iwwer säin Gewënn informéiert ginn.
 
Villmools MERCI jidderengem deen matgemaach huet beim "KOUHFLAPPBINGO" an en ganz besonnesch grousse MERCI gëllt dem "Melli" an dem Camille, deen sech all Joer bereet erkläert mam "Melli" bei iis op den Terrain ze kommen fir de "KOUHFLAPPBINGO".