Ofschloss vum Joer 2021


26 December 2021

D'Joer 2021 geet op en Enn an soumat och den éischten Tour vun der Saison 21/22.
 
D'Saison 21/22 huet mat villen Changementer ugefaangen. 
Vun zahlräichen Wiessel am Comité bis hin zum Trainerwiessel an der éischter Equip an och villen Spillerwiessel bei den Hären an Dammen. 
 
Iis éischt Équip huet sech als éischt missten fannen. De neien Trainer Nuno Costa mat sengem Staff hat nët manner wéi 16 néi Spiller am Ufank vun der Saison do stoen an huet eng komplett néi Équip missten forméieren. Dëst ass him op Anhieb gelongen, sou dass mir mat engem 6:0 an d'Saison gestart sin. Während dem éischten Tour haaten iis Jongen awer och leider daat eent oder aaner manner goud Resultat, mee den Asaz um Terrain huet ëmmer gestëmmt. Am groussen a ganzen kënnen d'Jongen stolz op hier geleeschten Aarbecht sin an si schléissen d'Hironn mat 23 Punkten an enger 7. Tabelleplaz oof. An der Réckronn probéieren si weider haart un sech ze schaffen an vläit déi eng oder aaner Tabelleplaz goud ze maachen.  
 
Iis Dammenequip, wou mir zesummen mam FC Mensbech an CS Gréiwemaacher hunn, hu mir dis Saison punktuell verstärkt. Dës Verstärkungen a Kombinatioun mat dem goud opgestalltenen Kader, wou mir souwisou schon déi lescht Saison haaten, an engem agespillten Trainerteam sollten hier Friichten droen an zum gewënschtenen Succès féieren. 
Och wann an der Hironn nach e puer Matcher dobäi waren, wou d'Resultat nët daat war, waat mir iis erhofft haaten, esou si mir awer zouversichtlech, dass iis Meedercher an der Reckronn alles wärten ginn fir zum Schluss vun der Saison hir Ziil ze erreéchen. 
 
Bei iisen zweeten Equipen gëtt haart geschafft an trainéiert an och d'Resultater stëmmen iis optimistesch. Fir iis Jongen ass et wuel schwéier an der zweeter Klass, mee och do bleiwe si voller Zouversiicht an d'Jongen schaffe weider fir d'Ziil vum Klassenerhalt ze packen. Bei iisen Dammen gëtt eng super Aarbecht geleescht vum Trainerteam. Si schaffen mat engem extrem jonken Kader an d'Meedercher stellen all Woch ënner Beweis, dass si d'Potential hun fir an Zukunft an der éischter Equip en wichteg Roll ze spillen. 
 
Besonneg frouh si mir, dass mir esouvill Jugendspillerinnen a Spiller zu Wormer hun an dass mir och déi richteg Léit hun, wou dës Spiller encadréieren a vill mat hinne schaffen. All Weekend weisen d'Meedercher an d'Jongen, dass si Freet um Fussballspillen hun. 
 
Alles an Allem kënne mir op eng gelongen Hironn vun der Saison 21-22 zréckkuken an gi mat vill Motivatioun, Optimismus an Elan an de nächsten Tour, souwisou um, wéi niewend dem Terrain.
 
Op dësem Wee wënsche mir all iise Memberen, Spillerinnen, Spiller, Trainerinnen, Trainer, Coordinateur, Supporter a Frënn vum FC KOEPPCHEN WORMER e goude Rutsch an d'Joer 2022 a firum allem een goud Gesondheet.
 
Fir de Comité 
Pit SADLER