Programm vum Weekend


03 September 2021

Haut ass deen eischte Spilldag fir iis zweet Équipe géint d'US vu Rëmeleng. De Match gëtt um 20 Auer zu Rëmelung ugepaff an iis Jonge probéieren direkt mat 3 Punkten an déi néi Saison ze starten!
 
Iis eischt Dammenéquipe huet spillfräi, mee dofir spillt iis zweet Dammenéquipe de Samschdeg géint den FC Sporting Mäerzeg a probéiert hir éischt 3 Punkten an der Geschicht zu Mäerzeg ze kréien. Da Match fänkt um 19 Auer un.
 
E Sonndeg ass et dann den zweeten Heemmatch vun iiser eischter Équipe an dat géint den FC Cebra 01.
 
Kommt iis Jongen ënnerstëtzen, datt mir déi nächst 3 Punkte kënne féieren an den Uschloss un d'Tabellespetzt halen.
 
#mirvunderkoeppchen
 
#wollefsruddel
 
#koeppchenzweeoleole