Programm vum Weekend


10 September 2021

De Samschdeg um 19.00 Auer spillen iis Dammen zu Mënsbech géint de Swift vun Hesper. Nodeems si um 2. Spilldag spillfräi waren, versichen iis Dammen  den Uschloss un d’Tabellespëtzt ze halen an déi nächst 3 Punkten ze erkämpfen.

 

Iis Damme vun der zweeter Equipe hunn dëse Weekend kee Match, vue datt d’Equipe vum RFCUL 2 forfait erkläert huet.

 

#eenteam #wollefsruddel #ententewmg

 

Iis Jonge vun der éischter Equipe spillen de Sonndeg um 16 Auer am éischten Tour vun der Coupe de Luxembourg géint den FC Brouch zu Brouch.

 

Den Dënschdeg spillt iis zweet Equipe hiren éischten Heemmatch fir dis Saison. Dobäi kënnt et direkt zum Derby géint den FC Jeunesse vu Kanech. Ugepaff gëtt um 20 Auer bei iis zu Wormer! 

 

Fir de “Weekend” ze kompléteieren, spillt iis 1. EquipE e Mëttwoch Owend um 20 Auer hire 4. Spilldag vum Championnat an dat am  Muselderby zu Réimech.

 

 

#mirvunderkoeppchen