Programm vum Weekend


15 October 2021

BUSY WEEKEND
 
No laanger Zäit sinn dëse Weekend emol nees alleguer iis Equippen am Asaz vun den Bambini bis erop bei iis Senior Dammen an Hären. 
 
Bei iiser Jugend huet een déi läscht Weekender gesinn, dass d'Trainingen sech bezuelt maachen an dass d'Traineren en super Job maachen. Och an den ënneschten Kategorien gëtt scho ganz schéine Fussball gespillt vun iisen Meedercher an Jongen. 
 
All d'Meedercher an Jongen ginn hier bescht um Terrain an hunn virun allem Spaass um Fussball. 
 
Iis éischt Härenequipe spillt e Sonndeg géint den Tabelleleschten Luna Uewerkuer. No enger batterer Defaite de Sonndeg zu Bartréng probéiert iisen Trainer mat sengen Assistenten alles drun ze setzen, dass iis Jongen de Sonndeg 3 Punkten op der Koeppchen halen an domat weiderhin ongeschloen doheem bleiwen. 
 
Iis éischt Dammenequipe spillt virun der Lännermatchpaus géint e gudde Géigner vun Ell. Géint déi al Equipe vun iiser Spillerin Jill De Bruyn probéieren iis Meedercher hir 5. Victoire am 5. Match ze maachen. 
 
Besonnesch stolz sinn mir drop, dass mir fir déi nächst 2 Lännermatcher 7 Dammen stellen fir den A-Kader. Dëst sinn Albert Isabel, De Bruyn Jill, Havé Cathy, Estevez Marta, Becker Jessica an Jorge Caroline. 
 
Allen Equippen wënsche mir bonne Chance!
 
#mirvunderkoeppchen