Resultater vu leschter Woch


05 November 2021

Coupe-Woch

An wat fir eng! 

Besonnesch ervirhiewen wëlle mir d'Victoire vun iisen Dammen. Innerhalb vu 5 Deeg hu si missten zweemol géint e staarke Géigner vun Beetebuerg untrieden. Samschdes am Championnat an e Mëttwoch an der 1/8 Final vun der Coupe des Dames. 

Zweemol sinn iis Dammen als Gewënner vum Terrain gaangen an hunn dem Géigner déi zwee Matcher keng Chance gelooss. 

Iis Hären hunn an der Coupe FLF géint e gudde Géigner vun Reiden gespillt a stinn no enger Victoire elo an der 1/8 Final.

Iis Jongen vun der U19 hunn an vun der Coupe du Prince géint Izeg gewonnen a stinn elo an der 1/4 Final.

 

Opgrond vun der Schoulvakanz an dem Feierdag hate verschidden Jugendequipe déi lescht Woch keen Match. Iis Bambini an Pupilles haten déi lescht Woch gespillt an hunn mat gudden Resultater an gudde Leeschtungen iwwerzeegt.

 

Hei dann nach all d'Resultater vu leschter Woch:

 

Hären Senior 1

Pratzerthal/Redange - FC Koeppchen = 0 – 3 (COUPE FLF)

 

Hären Senior 2

FC Koeppchen II – FC The Belval Belvaux II = 4 – 0

 

Dammen Senior 1

ENT. WMG – SC Bettembourg = 5 – 0 (Championnat)

ENT. WMG – SC Bettembourg = 3 – 0 (COUPE DES DAMES)

 

Dammen Senior 2

US Sandweiler - ENT. WMG II= 0 – 6  

 

Juniors

Entente Osten – FC Blo-Wäiss Izeg = 6 – 0 (COUPE DU PRINCE)

 

Opgrond vun der Schoulvakanz an dem Feierdag haate verschidden Jugendequipen déi lescht Woch keen Match. Iis Bambini an Pupilles haaten déi lescht Woch gespillt an hun mat gudden Resultater an gudde Leeschtungen iwwerzeecht.

#mirvunderkoeppchen