Resultater vum Weekend


07 September 2021

1. Punkt fi iis zweet Dammenéquip

 
Nodeems iis zweet Dammenequipe um éischte Spilldag géint eng verstäerkten Equipe vu Mamer keng Chance hat, huet den Trainer Ali Chentouf warscheinlech déi richteg Wierder wärend der Woch fonnt, fir datt seng Meedercher de Kapp net an de Sand stiechen. 
De Samschdeg hunn iis Meedercher vun der zweeter Equipe vun der Entente WMG zu Mäerzeg gespillt an konnten do mat engem 1-1 den éischte Punkt an der Geschicht vun der zweeter  Equipe vun iisen Dammen huelen.
Gol: Noémie Raths
 
Schwéieren éischte Match fir iis zweet Equipe vun den Hären
 
Um éischte Spilldag vun de Senior Reserven haten iis Jonge et vun der zweeter Equipe e Freideg mat enger engagéierter Equipe vu Rëmeleng ze dinn. Och de klengen Terrain huet iise Jongen net an d'Kaarte gespillt. Si hunn ni opginn an hunn ëmmer weidergekämpft.
Zum Schluss soll de Score béi 4-1 stoen. 
Gol: Bruno De Almeida
 
Weider ongeschloen!
 
Och um drëtte Spilldag bleiwen iis Jonge vun der éischter Equipe vun den Häre weider ongeschloen. Och wann et um Heemmatch géint eng routinéiert Equipe vum FC Cebra 01 net duergaangen ass fir 3 Punkten op der Koeppchen ze halen, esou hunn iis Jongen awer och, nodeems se zweemol a Réckstand geroden sinn, ni de Kapp hänken gelooss a konnten ëmmer nees ausgläichen. 
Goler: Ricardo Coimbra an Anes Hajder