RIESLING OPEN 2021


31 August 2021

No engem Joer Paus begréisst den FC KOEPPCHEN & UDP iech dës Joer nees um RIESLING OPEN an dat den 18. an 19. September.

Dëst Joer hu mir iise Stand an der Rue Principale (vis-à-vis vun der Epicerie).

Déi zwee Deeg kënnt dir di beschte Wäiner aus der Rieslingsgemeen bei iis schmaachen a vun der UDP kritt dir de bekannten gegrillte Poulet an weider Gegrills zerwéiert. 

Samschdes Owes ass Zäit fir de RIESLING OPEN richteg ze féieren. 

Um "TRASH MY RIESLING" ab 20.00 Auer wäert den DJ Rick fir déi beschte Stëmmung suergen mat de beschte Lidder aus den leschten Joerzéngten.

Sonndes suergt de Larry Bonifas fir Stëmmung an der Rue Principale. 

Verpasst also net den RIESLING OPEN den 18. an 19. September 2021 an der Rieslingsgemeen Wormer.

Fir freeën iis op iech alleguer.

riesling open flyer lux.jpg

riesling open flyer fra.jpg