Startschoss Saison 2021/2022


19 August 2021

Endlech geet et lass!

Dëse Sonndeg um 16 Auer ass de Startschoss an d'Saison 2021/2022. Eis Jonge si ganz motivéiert a wëllen déi eischt 3 Punkte vun der Saison op der Musel behalen.

Mir sinn och ganz houfreg datt eisen Eirepresident Claude Pundel den 1. Matchball sponsort.

D'Spiller, de Staff an de Komitee hofft op eng gutt Saison a freed sech Iech endlech nees um Terrain kënnen ze begréissen.

Vu datt de Match ënnert dem CovidCheck steet musst Dir déi 3G-Reegelen erfëllen oder en Autotest (4,00 €) sur place maachen.

An als klenge Surplus spillen eis Dammen no dem Match vun eisen Hären e Frëndschaftsmatch géint Fola.

Op eng erfollegräich Saison 2021/2022!

#mirvunderkoeppchen