
Den FC Koeppchen freet sech Iech op déi 8. Editioun vum „Oktoberfest am Wormer-Stadl“ invitéieren ze kënnen.
Den 24. Oktober 2026 ass et dann nees esouwäit, dann heescht et nees “O‘zapft is“, „Oans, Zoa g’suffa“ an „ein Prosit der Gemütlichkeit“ um Oktoberfest am Wormer-Stadl.
Mir wärten Iech e geselleschen Owend am bayresche Style mat guddem bayresche Kascht, original bayresche Béier an enger flotter Ambiance ubidden.
Reservéiert elo schon är Plazen a gidd en Deel vun der 8. Editioun vum Oktoberfest am Wormer-Stadl.
Servus a bis den 24. Oktober 2026 zu Wormer am Stadl.



1 Plaz am Wormer-Stadl = 60 Euro pro Persoun
Am Package enthaalen ass:
- Entréesticket
- Reservéierten Dësch
- Service um Dësch
- 1/2 Maß Béier (oder Softdrink/eng Coupe Crémant)
- 1 Salzbretzel
- 1 Plat au Choix (Hax, Hendl, kaale Plat,Vegetaresch)
Wëllt dir zousätzlech:
- kaale Plat (25 Euro pro Plat) oder
- Weisswürste (15 Euro pro Plat) als Entrée
sou musst dir dësen zousätzlech bestellen.
Fir ze reservéieren fëllt w.e.g. einfach de Reservatiounsformulaire ënnendrënner aus.
De Montant kënnt dir, nodeems dir eng Konfirmatiounsmail kritt hutt, op eise Compte iwwerweisen, dëst gëllt dann als definitiv Bestätegung.
Iessen um Oktoberfest am Wormer-Stadl ass just méiglech mat enger Reservatioun.
Mindestalter: 16 Joer.
Falls dir sollt Probleemer bei der Reservatioun hunn, dann mellt Iech per Mail op oktoberfest.wormer@gmail.com