GESCHICHT VUM VERÄIN

Den „F.C. Koeppchen Wormeldange“ ass e Fussballveräin, deen 1919 gegrënnt gouf an 1939 an de Lëtzebuerger Fussball Verband koum. 1940 gouf de Veräin an "F.C. Wuermer "ëmbenannt fir 1944 zréck op „F.C. Koeppchen Wormeldange“ ëmbenannt ze ginn.

 

An der Saison 1991/1992 ass den FC Koeppchen fir d’ éischte Kéier an der Geschicht vum Veräin an déi héchsten Divisioun "National Divisioun" geklommen, huet déi 10. Plaz an der Tabell geholl an ass dowéinst um Enn vun der Saison erëm ofgestiigen. Déi zweet Participatioun an der "National Divisioun" war an der Saison 1994/1995, den FC Koeppchen ass mat der 12. Plaz an der Tabell op en Neits ofgestiigen. Zënterhier konnt de Veräin net méi an der ieweschter Liga spillen.

Den „F.C. Koeppchen Wormeldange “huet zweemol d’ Halleffinalë vun der Coupe de Luxembourg erreecht (1996 & 1998).

 

Um Enn vun der Saison 2017/2018 war déi 1. Équipe an d’ Éirepromotioun (zweet héchst Liga zu Lëtzebuerg) geklommen, leider ass et net duer gaangen d’ Klass ze halen. Seit 2018/2019 spillt den FC Koeppchen dohier nees an der "1. Divisioun".