20!

20 Joer Makadammen!
Wow! Dat muss gefeiert ginn!
Mir maachen e Konveniat an do luede mir all eis "Avataren" vun deene leschte Joeren an, a loossen en etlech flott Momenter Revue passéieren.
 
Einfach aus der Haut fueren
Fir een Aneren ze ginn
Mir fillen eis wéi neigebueren
Wa mir op der Bühn stinn
Aus dem Jeckyll gëtt d'Miss Hyde
Aus dem Beauty gëtt e Beast
Aus dem Bonny gëtt e Clyde
a last but not least
Gëtt aus lackéierte Fangerneel schaarf Krallen
Aus douce Fraen, Femmes fatalen
Wa mir op d'Bühn ropklammen
Gi mir (d'Maggy, d'Monique, d'Susy an d'Théa) 
D'MAKADAMMEN
 
Makadammen: Théa Engel, Susy Lentz, Monique Mille, Maggy Molitor
Musek a musikalesch Begleedung: Netty Glesener
Texter: Roland Gelhausen, Josiane Kartheiser, Maggy Molitor
Collage a Regie: Jacqueline Posing-van Dyck
Dekor: Christian Klein
Kostümer: Christian Klein an Yvette Engel
Choreographie: Steven Klopp
Affiche a Fotoen: Pitt Becker
 
méi Infoen ënnert www.makadammen.lu

D'Makadammen zu Wormer

2304913c918ae1d6a056fb8e416bfcf4391704_.jpeg
 
D'Madakammen kommen den 11. Mäerz 2022 um 20.00 Auer op Wormer an de Centre Culturel.
 
Méi Infoen an Umelldungen ënnert doreuter@pt.lu oder ënnert 691 634 657
 
Organisatioun: Vétérans FC Koeppchen Wormeldange
2304914db261d1e795140e2eb37b69d453922b_.jpeg