Grüss Gott!

Den FC KOEPPCHEN WORMER freet sech Iech op déi 3. Editioun vum „Oktoberfest am Wormer-Stadl“ invitéieren ze kënnen.

 

Den 22. an 23. Oktober 2021 ass et nees esouwäit, dann heescht et nees “O‘zapft is“, „Oans, Zoa g’suffa“ an „ein Prosit der Gemütlichkeit“ um Oktoberfest am Wormer-Stadl.

 

Mir bidden Iech zwee Owender am bayresche Style mat guddem bayresche Kascht, original bayresche Béier an enger flotter Ambiance.

 

Freides, den 22. Oktober gidd dir ab 19.00 Auer animéiert vum Sandy Botsch, ier de bescht-bekannten Hoffi-Zambezi den Wormer-Stadl zum schunkele bréngt.

 

Samstes, den 23. Oktober suergen d'Marion Welter an de Rol Girres fir Oktoberfeststëmmung zesummen mam Hoffi-Zambezi.

 

Reservéiert elo Ären Dësch a gidd en Deel vun der 3. Editioun vum Oktoberfest am Wormer-Stadl.

 

D'Oktoberfest fënnt dës Joer am Kader vum "Covid-Check" statt. 

Mir wärten keng Autotester op der Plaz ubidden. Dofier bieden mir iis Gäscht fir mat engem gültegen PCR Test an de Stadl ze kommen oder mat hierem QR-Code.

 

Servus a bis den Weekend vum 22. an 23. Oktober 2021 zu Wormer am Stadl.

 

 

Reservatioun

Réservéiert elo är Plaazen um Oktoberfest am Wormer-Stadl.

 

Fir ze reservéieren fëllt w.e.g. einfach de Reservatiounsformulaire aus. De Montant kënnt dir, nodeems dir eng Konfirmatiounsmail kritt hutt, op eise Compte iwwerweisen, dëst gëllt dann als definitiv Bestätegung.

 

Den Entrée um Oktoberfest am Wormer-Stadl ass just méiglech mat enger Reservatioun. Et gëtt keng Oweskees.

 

Mindestalter: 16 Joer.

 

Reservatioun am Stadl = 55 Euro pro Persoun

- Entréesticket

-Reservéierten Dësch

-Service um Dësch

-1/2 Maß Béier (oder Softdrink/eng Coupe Crémant)

-1 Salzbretzel

-1 Plat au Choix (Hax, Hendl, kaale Plat,Vegetaresch)

 

Wëllt dir e kaale Plat als Entrée(20 Euro pro Plat) oder en Apfelstrudel als Dessert (10 Euro pro Apfeldstrudel), sou musst dir dësen zousätzlech bestellen.

Umeldung Oktoberfest am Wormer-Stadl

Grüss Gott! Merci fir är Reservatioun am Wormer-Stadl. Är reservatioun gëtt an de nächste Stonnen traitéiert an mir mellen iis esou séier wéi méiglech bei Iech. Schéinen Dag. Ären FC Koeppchen Wormer.

Oktoberfest am Wormer-Stadl 2021

Gesponsort vun